Zesumme mat de Bewunner, de Familljen, der Amicale an dem Personal, hat d‘Direktioun vun der résidence pour personnes âgées an de wisen op dat traditionellt Summerfest, e Samschdeg, de 7. Juli 2018 vun 11 bis 19 Auer invitéiert.
Um Site vun der résidence zu Beetebuerg huet d‘Visiteure wéi all Joer e flotte Programm erwaart:
• Spill, Spaass an Attraktioune fir Jonk an Al: Tombola, Sprangschlass ewéi Aktivitéite fir déi Klengst, Facepainting an villes méi.
• Fir Iessen an Drénken war beschtens gesuergt, dëst mat diversem Gegrilltem, frëschen Zaloten, erfrëschendem Uebst an och u gudden Desserte hat et net gefeelt. De Chefkach an säi Kichepersonal hu wéi ëmmer gutt Arbecht geleescht.
• Am Laaf vum Dag gouf d’Summerfest ëmmer erëm musikalesch durch de Sänger Rol Girres encadréiert.
Den Entrée war gratis an et war eng Freed e gemittlechen a flotten Dag mat eise Bewunner an der Résidence ze verbréngen.