Change Edition

Mett Hoffmann +1993: D'Éisleker Landschafte ware seng gréisst Inspiratiounsquell

Mett Hoffmann

Gebuer15. Januar 1914

Gestuerwen14. Abrëll 1993

NationalitéitLëtzebuerg

AktivitéitMoler

De Mett Hoffmann, gebuer de 15. Januar 1914 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 14. Abrëll 1993, war e lëtzebuergesche Moler.

Wéi vill Moler huet de Mett Hoffmann fir d'éischt figurativ gemoolt, virun allem Landschaften a Portraiten.

D'Éisleker Landschafte ware seng gréisst Inspiratiounsquell. Dat Gréngt vun de Wisen, dat Brongt vun de geploute Stécker, an dat Grot vun de Leeë kënnt dacks a sengen Tableaue fir. An dës éischter däischter Téin huet hien dann als Kontrast eng Touche Rout oder Giel erabruecht.

Vun 1945 u mécht sech a senge Biller den Afloss vun der moderner Molerei ëmmer méi bemierkbar, besonnesch dee vum Picasso.

Deen eenzege Lëtzebuerger Moler deen de Mett Hoffmann beaflosst huet, war de Joseph Kutter, wat däitlech an enger Rëtsch vu senge Biller z'erkennen ass, a wat och vum Mett Hoffmann selwer confirméiert gouf.

Vun der Mëtt vun den 1950er Joren u léisst de Mett Hoffmann sech ganz vun der figurativer Konscht lass a moolt nëmme méi abstrakt Motiver. Seng Uelegbiller loossen den Afloss vun der École de Paris erkennen. Seng Aarbechte leien an der selwechter Linn wéi déi vum Grupp vun den Iconomaques, eng Grupp zu där hien awer ni gehéiert huet.
1955 kritt hien op der III. Biennale vu Sao Paulo eng Mention d'Honneur.

Tëscht 1980 a 1985 wiesselt de Mett Hoffmann vun der Ueleg- zu der Gouachemolerei. Vu 1985 u moolt hie mat Akrylfaarwen.

Wärend senger ganzer Carrière huet de Mett Hoffmann Kierchefënstere realiséiert, sou z. B. an de Kierche vun Ueschdref, um Briddel an um Houwald. Hien huet awer och am Mosaik geschafft an esou de Baseng vum Léiwebuer an der Stad realiséiert[1].