Change Edition

Concert - Munderchinga Brass & Friends

02
Oct
2022
02 Oct

D’Uergelfrënn Monnerech an d’Monnerecher Musek

invitéieren op de Concert


MUNDERCHINGA BRASS & FRIENDS

e Sonndeg, den 2. Oktober 2022

um 17h00 an der Parkierch zu Monnerech


Den Entrée ass fräi an et gëtt eng Quête gemaach

fir de Sozialprojet vun der Par.


Et wierke mat:


De Blechbléiserensembel vun der Monnerecher Musek

MUNDERCHINGA BRASS

Aly Biver an David Heck (Trompette, Cornet, Bugle)

Vicky Biver-Mathay (Cor)

Théo Pessers (Trombone)

Nico Mander (Basse)


D’Organiste

Claude Clement, Philippe Clement an Léon Marx


D’Blechbléiser an d’Percussioniste vun der

Harmonie Municipale de Mondercange

ënnert der Leedung vum Sebastian Geis


----------------------------------------------------------------



Munderchinga Brass


Munderchinga Brass ass op Initiative vun e puer Musekanten vun der Monnerecher Musek ufanks de 90er Joere gegrënnt ginn. Déi éischt Besetzung war e Quartett, duerno gouf et e Quintett an zwëschenzäitlech hat den Ensembel och scho bis zu 8 Blechbléiser.


Den Numm Munderchinga-Brass huet mat zwou Komponenten ze dinn. “Munderchinga“ ass deen eelste bekannten Numm vun deem häitege Monnerech an “Brass“ ass déi englesch Bezeechnung fir Blech, resp. Blechbléiser.


--------------------------------------------------------------------


« NOTRE-DAME HËLLEFT » SOZIAL PROJET 2022/2023

Säit 2006 ënnerstëtzt d’Par NOTRE-DAME-DE-L’ÉVANGILE mat engem soziale Projet eng national respektiv eng international Associatioun. Vill Veräiner, Associatiounen an privat Leit droen all Joer zum Erfolleg vun dëser Aktioun bäi. Fir d’Joer 2022/2023 hu mir eis fir d’Associatioun “ASA asbl” entscheed, déi hire Sëtz zu Eschduerf huet. Eng offiziell Scheckiwwerreechung ass dann mam Ofschloss vum Projet am Juli 2023 . All néideg Informatiounen zur Associatioun fannt dir um Internet ënnert: https://www.asa-asbl.com. MERCI fir är Ënnerstëtzung mat enger Iwwerweisung op den Kont vum
Pastoralrot vun der Par NOTRE-DAME-DE-L’ÉVANGILE :
LU53 1111 2344 1159 0000 (BIC : CCPLLULL)
mat dem Vermierk «PROJET SOCIAL 2022/2023»