Op Initiative vun eise Memberen ware mir dësee Deeg zu Eech an der Klinik op de soins palliatifs fir de Patienten an hire Familjen ë bëssi Chrëschtdagsstëmmung zu schenken. Et gouf Gromperekichelcher matt Äppelkompott, Mettwurscht, Eisekuchen, Wäffelcher, Kuch, Glühwein, Chocky a soss nach aner Leckereien. Merci der Ekipp soignante, dem CHL, der Kichen an natierlech all eise Memberen dei do waren. Merci de Lënster Ourewiirm fir ee ganz flotte Concert a Merci dem Susy Schmit fir d‘musikalesch Ënnermolung!