Op Aluedung vum Organisatiounscomité 100 Joer FC Koeppchen Wormer huet d‘Rieslingskinnigin Fabienne mat hiren Eierendammen d‘Ausstellung am Centre Culturel besicht an ass hei vum President vum Organisatiounscomité Jean Beining a vum President vum FCKW Claude Pundel empfaange ginn. No engem Tour duerch d‘Ausstellung hunn d‘Meedercher e klengen Undenken iwwerreecht kritt. D‘Rieslingskinnigin an hir Begleedung hunn sech gefreet no engem Joer Ofwiesenheet bedéngt duerch Coronakris emol erëm eng Kéier en offiziellen Optrëtt ze hunn.